Home > Volontariat op enger Ökofarm – Eng Weiderentwécklung fir d’Liewen

Volontariat op enger Ökofarm – Eng Weiderentwécklung fir d’Liewen

(Yasmine, 27 Joer)

Mäin bekanntent Ëmfeld fir 6 Méint verloossen an eppes Anescht entdecken. Ugefaangen mat dësem einfachen Konzept huet meng Geschicht, déi ech Iech hei gären erzielen well, ugefaangen.

Als Lëtzebuergerin hunn ech all meng Famill an Kollegen hei am Land an wollt eigentlech ni grouss “d’Welt entdecken”. Mä no 6 Méint Aarbecht als Grafikerin no mengem Studium, hunn ech mir gewënscht zousätzlech eppes Guddes an Nohalteges ze maachen wat mir en perséinlechen Surplus bréngt, an eng Kéier en anert Land ze entdecken. An esou hunn ech den EVS entdeckt.

Een Projet huet mech besonnesch interesséiert. “Living and growing up in an Ecovillage”, bei LOS PORTALES, bei Sevilla (Spuenien). Den Volontaire géing d’Liewen an enger Communautéit kennen léieren. En kéint sech em d’Geessen këmmeren, déi täglech gestrach gin. Handgefärdegt Brout an Kéis géingen do hiergestallt ginn, an oft géingen Gäscht begréisst ginn, fir déi och gekacht gëtt. Gaardenaarbescht, an Aushëllef am Haus wieren Alldag. An eemol am Joer gëtt et eng grouss Olivenernt. “Inner Work” wier do och grouss geschriwwen, et géingen Treffen gemaach ginn, wou een iwwert en gemeinsamen Problem, oder iwwert dat wat een Nuets gedreemt huet, schwätzen kéint. Sou Austäisch wieren gutt fir d’Liewen an enger Communitéit ze stäerken. Alles naturnoh an nohalteg, deeglecht frëscht Geméis direkt aus dem Gaart, e Liewen ugedriwwen vun Solarenergie. Leit, déi säit villen Joren zesummen sou wunnen, an deementspriechend eng eegen Denkweis an en speziellen perséinlechen Developpement erreecht hunn. Dat huet alles ganz ongewinnt geklongen, an genau dowéinst immens interessant an wéi fir mech gemaach.

Also hunn ech zougesot, an den 1. Juni souz ech pünktlech am Fliger fir meng Rees unzefänken. Wat mech genee géing erwaarden wousst ech net. Ech hat zwar Fotoe gesinn, an krut vun menger Mentorin villes am viraus erklärt, mee den Bammel war trotzdem grouss. Aner Leit, en anert Land, eng Sprooch déi ech net kann, an eng nei Kultur – irgendwou ganz vun vir mussen ufänken. D’Freet an glaichzaiteg d’Angscht waren riseg, dovun ofgesi vun menger Angscht virum Fléien.

Ech gouf dohannen awer direkt ganz frëndlech begréisst an hunn direkt meng EVS-Partnerin aus Italien kennegeléiert. Déi éischt grouss Angscht war also direkt verflunn, an ech hunn zimlech schnell aner Leit zum Austausch fonnt.

D’Aarbecht bei bis zu 42 Grad Celsius war haart, an ech kann behaapten dass ech nach ni esou eng kierperlech Ustrengung erlieft hat. Et hat laang gedauert, bis dass ech mech un d’Gaardenaarbescht gewinnt hat, an bis dass ech mam Sträichen vun de Geessen eens gi sinn, mee d’Bezéiung zu deenen Déieren war eng ganz Besonnesch. Och d’Kachen (eleng oder zu puer) fir bis zu 40 Leit war eng täglech Erausfuerderung. Mä ech hat d’Gefill gebraucht ze ginn, an dat huet immens gutt gedoen.
Spéider hun ech och geléiert Brout ze maachen, an och verschidden Detailer iwwer Planzefamillen, sou wéi Danz- an Theaterworkshops, déi duerch Improvisatioun gezeechent waren.

Och hunn ech mir en Zëmmer missten deelen. Ageschränktenen Zougrëff zum Internet, keen Fernseh, billend Hënn, a Kanner déi duerch d’Gäng gelaf sinn, waren och Deel vum Alldag. Dat Gefill keen Réckzugsort ze hunn war ongewinnt, dat huet mech awer méi tolerant gi gelooss.

“Dream Work” war och e speziellen Deel vum Volontariat. Den Carl Jung, en bekanntenen Draam-Analytiker, huet seng ganz eegen Interpretatiounsweis erschaaft, no deenen d’Communautéit vun Los Portales sech riicht. Iwwersat heescht dat, dass jiddereen op fraiwellecher Basis en bestëmmten Draam deen een virun kuerzem oder längerem eng Kéier hat, an der Ronn erläuteren kann, an dass verschidden ausgebilten Leit déi effektiv vill Anung vun Draam-Analys hun, hier Interpretatioun dozou kennen ginn. Wat mech ufanks net interesséiert huet, huet mir spéiderhin immens gefall, well dat alles op absolut fraiwellecher Basis war, an et dozou gefouert huet, aner Memberen besser ze verstoen, oder den eegenen Dram selwer ze interpretéieren.

Den Ecovillage war zimlech wäit ewech vum nächsten Duerf, an meeschtens konnt ech nëmmen Weekends op Sevilla fueren. Déi Ofgeschiddenheet huet mir awer och gehollef mech ze entwéckelen, mech op mech selwer ze bezéien an erauszefannen wéi ech mech och privat kann an der Communautéit abannen, an natierlech och fir Spuenesch ze léieren. Ech muss soen, dass den OLS Cours immens intensiv an och schwéier war, mee dass ech an deenen 6 Méint geléiert hunn, alldeeglech Gespréicher op Spuenesch ze féieren an mech op der Strooss oder an Butteker richteg kënnen ze verstännegen.

Ier ech nach méi doriwwer erzielen, an mech an Detailer verléieren, hunn ech den Fazit:
Dat war déi schwéierst Zäit a mengem Liewen. Mä et war och eng spannend Zäit. Ech hunn dohannen besonnesch Leit kennen geléiert, souwuel am Projet wei och an den Formatiounen, mat deenen ech och elo nach Kontakt hunn. Et huet mir och gehollef, vill méi op Leit zouzegoen, mä och duerch Reesen während den Weekender an dem Congé vill Deeler vum schéinen Andalusien kennen ze léieren.

Vill Prinzipien an Ideen fir kuerz Zait op d’Säit ze leen huet mir immens gutt gedoen. Ech hunn dobäi och meng Ernärung geännert, hunn meng Bedürfnisser wat Privatsphär oder Hygiène betrefft missten erofschrauwen, a si vill iwwer d’Liewen an enger Communautéit an a Spuenien gewuer ginn.

D’Sendeorganisatioun hëlleft bei all Problemer an Froen weider, an huet en oppent Ouer fir eventuell Problemer. Et ass eng beräicherend Erfarung, gezeechent duerch Reesen, nei Frëndschaften, nei Kenntnisser, eng nei Sprooch, a villen schéinen kulturellen Erfarungen.