Home > Stage à Londres

Stage à Londres

Hallo alleguer! 🙂

 

Ech sin d’Delia, oder ‘Dee’, wei se mech hei nennen, a maache mai Stage zu Cambridge an der Recherche. Wunnen awer zu London wou ech mech mettlerweil a mengem klengen Appartement ganz doheem fillen! Ech kennen London aus mengen Master-Zaiten, mee et ass aanescht aus net-Sudent hei ze liewen. Irgenswei kritt ee mei e reslisteschen Ableck wei hard d’Liewen an deser Staat ka sin…an et ass net emmer en Zockerschlecken, mee absolut derwaert et a Kaaf ze huelen fier hei kennen ze wunnen!

 

 

Schein disziplineiert an enger Schlaang stoen, sech am Tube op der rietser Sait haalen an Tei mat Mellech ze drenken wua gewoehnungsbeduerfteg, mee ass mettlerweil nemi aus menge Liewen ewaesch ze denken! an obschon d’Briten sou e schlechte Ruff hun waat hier Gastronomie ubelaangt…ech schwieren ech hu na nii sou gudd Kuchen an Desserten giess wei hei!!!

 

 

Maio, da wier et daat emol fier haut geif ech soen! An ech wenschen ierch all na e ganz scheinen Feltesdag!

Lo ass Ouschteren schon eriwwer! Ech hoffen dier haat all schei Feierdeeg! Hei wua alles op Ais geluet, di meecht Leit haate sech e verlaengerte week-end geholl an ech wua och dobai! Hun de week-end zu Bath verbruet, ass wiekleg eng Leif staat mat ville klenge Butteker, Pubs, gudde Restauranten, Kaffien, Museen…a wascheinlech am bekanntesten fie seng reimesch Thermen dei ee ka besiche goen (aus gudden Turist hun ech daat natierlech gema)! Wiekleg eng flott Plaatz! Wou ech fonnt hun ech haett Bath gneuch erkundegt sin ech iwwer d’Landstroosse getuckert (also amfong hun ech mech feieren gelooss…ech fuere scho schlecht genuch op der ‘richteger’ Sait…hihi).

 

 

All Pub deen eis gefall huet si mer Stoe bliwwen (nemme Cola light gedronk, mer ganz serioe!) an ennerwee di kleng Dierfecher besiche gaang, enner aanerem Castle Combe a Lakock…wei aus dem Billerbuch! 🙂 An d’Sonn huet sech zeguer ab und zu blecke gelooss! 🙂 Soss ass et hei immens kaal, mee zu Letzebuerg anscheinend nach mei, da loosse mer eis net bekloen! An ech free mech op Mett Mee, dann huele se mech fun der Arbescht mat op eng Konferenz a Griechenland!!! Zumindest do waert d’Sonn io da schengen! *finger crossed*. Maio, ech hoffen dier hudd all sou eng flott Zait wi ech! Bis geschwenn dir leif Leit!! 🙂

 

 

Delia