Elisabeth goes Portugal..

Wosst Du datt Estland net reliéis ass?, datt Polen fir Chrëschtdag 12 Plaën op
den Dësch stellen?,
Nee?, ech och net bis datt ech duerch mäin EVS Projet d’ Méiglechkeet hat aner
Kulturen kennen ze léieren. Niewend Volontairen aus Polen an Estland waren
och Kollegen aus Frankräich, Spuenien , Italien an der Tierkei derbäi. No deser
Erfahrung fillen ech mech méi europäesch, ech sinn och ee Stéck Europa. All
Land huet hier Traditiounen, hier Sproch, hier Mentalitéit. Mee lo mol vun vir.
Vum September 2015 un, hun ech 6 Méint an Portugal gelieft, ee Land wou ech
nach ni war, an just vun héieren soe vun mengen Frënn kannt hunn. Meng Frënn
déi portugisesch Werzelen hunn, hunn grouss Aen gemaach: “Du gees an
Portugal?” An bei dësem Saatz haaten sie ee grouss Grinsen am Gesiicht. An
schonn sinn déi éischt privat portugisesch Couren während den Mëttespausen an
der Schoul ugaangen.
Elo, no deem ech zréck sinn, verstinn ech hier Grinsen. Portugal ass ee Stéck
vun hinnen, och wann si hei an Lëtzebuerg wunnen, an si waren glécklech mir
des Land ee Stéck méi no ze bréngen. Sou wéi et fir mech an Portugal wichteg
war meng lëtzebuergesch Wuerzelen mat den aneren ze deelen.
Wou ech mech no der 13eme op den Wee fir an Portugal gemaach hunn, wosst
ech esou gudd ewéi näischt iwwert daat Land, ausser Bacalhau an Pastel de Nata
villäicht. Eigentlech traureg wann ee bedenkt, dat ech awer vill Leit kennen déi
di portugisesch Nationalitéit hunn. Mee et war ni wierklech een Thema.
Duerch dësen EVS hunn ech hier Kultur kennen an verstoën geléiert, eng ganz
aaner Kultur wéi déi Lëtzebuergesch, och waat d’Iessen ugeet virun allem als
Vegetarier. An Portugal gëtt et vill Fleesch an Fësch, do bleiwen fir den
“Zaloteniesser” net vill Variatiounen. Nëmmen hallef sou schlëmm, dofir hunn
ech beim Reesen duerch Portugal mech duerch Patisserien giess. Mmmh.
Reesen, dat wärt ech och weiderhin maachen. Déi aaner Volontären sinn mir un
d’Häerz gewuess an ech well si besichen. Ech sinn frou an dankbar dat ech déi
Leit konnt kennen léieren. Et wor schwéier Äddi ze soën. Mee et war keen Äddi
daat hu mir eis versprach, et war een “bis geschwënn”.