Friday, December 15, 2017
Home > News > Pit Schiltges an d’Verännerung déi hie wëll an der Welt gesinn

Pit Schiltges an d’Verännerung déi hie wëll an der Welt gesinn

Eng grouss SVE Geschicht! 🙂

Gudden Moien,

Ech sinn de Pit hunn 23 Joer an hat Chance am Januar 2017 een Europäeschen Fräiwëllegendéngscht fir 6 Méint ze mann. Dat ganzt war an Däitschland zu Offenbach, bei Frankfurt, bei enger sozialer Organisatioun, déi sech People’s Theater nennt, an di säit gutt 15 Joer duerch interaktiven Theater preventiv schafft an doduerch sozial Kompetenzen an Wäerter wie Respekt, Toleranz,…  vermëttelt.

6:00 Moies, de Wecker schellt, den Dag fänkt un an ech maachen mech fäerdeg, iessen eppes an bereeden mech op mäin Dag fir. Um 6:45 treffen mer eis alleguerten zesummen an der Stuff an huelen eis Zäit  fir een rouegen Moment  (bieden,meditéieren, an aner Saachen). Ech wunnen zesummen mat 8-15 aneren Leit an enger WG. Um 7:00 maachen di 2 Teams sech fäerdeg an fueren mam Auto an Schoulen wou Schüler eis erwaarden. Eis Show fänkt un : Den Animateur presentéiert sech an suergt fir eng kuerz Introduktioun, dann spillen mir een Theaterstéck mat enger Problematik z.B. Gewalt,Sucht, …  , kuerz befiert Zeene eskaléiert gëtt Stéck ënnerbrach an den Moderator iwwerhëlt: hien reflektéiert zesummen mat den Schüler wat geschitt ass, wat Problematik ass an virun allem wei mir eng Léisung zu dëser fannen kennen. Een Moment vun Spannung, well lo ass et un engem Schüler fir een vun eis Schauspiller ze ersetzen an selwer eng besser Léisung fir de Konflikt ze fannen.

No 3-4 Showen ass et Zäit sech op den Wee an eisen Büro ze maachen, wou mir no enger Mëttegpaus eis Shows vum Dag reflektéieren ,wat ass gutt gelaf awer virun allem wat kennen mer nach verbesseren. Dono geet et weider mat der Preparatioun fir den nächsten Dag an mir fänken un déi Theaterstécker fir deen aneren Dag anzeprouwen. Géint 16:45 maachen mer eis zréck an WG an et ass Freizait wou di eng eppes zesummen maachen, mir sinn gären Schwammen gaangen, déi aner rouen sech aus an nach anerer preparéieren Iessen fir Owes. Fir zesummen ze iessen treffen mer eis erëm alleguerten an der Stuff an dono maachen mir oft nach Saachen zesummen: Gesellschaftsspiller, Musek,Sport,… an aneres,  virun allem geet vill gelaacht.

Dat ass mäin Dag wie een an der Theorie ofgelaf ass, mee bon dat war et awer o schon……

Amfong war keen een Dag esou, all Dag war anescht, all Dag war een neit Erliefnis,eng nei Erausfuerderung, eng nei Chance…

Chance fir souvill, Chance fir erëm souvill Neies ze gesinn an ze leieren.

Ze leieren dat jiddereen seng eegen Realitéit huet, seng eegen Motivatioun, an o seng eegen Limitten.

Ze leieren wei wichteg gegenseiteg Ënnerstëtzung ass well jiddereen ass dorop ugewisen an vill méi wichteg jiddereen huet Méiglechkeeten an Talenter fir anerer ze ënnerstëtzen.

Ze leieren wie wichteg an wie staark Kraaft vun enger Gemeinschaft ass. Zesummen erreechen mir mei an sin mei staark.

Ze leieren dat den Alter just eng Zuel ass, well jiddereen huet seng eegen Talenter déi wichteg sen, och wann eis heiansdo de Courage, Visioun oder Bewosstsinn feelt,… mee dat kennen mer änneren an deems mer den aneren an o eis selwer hëllefen un deenen Talenter ze schaffen an un déi Talenter ze gleewen. Dofir, loosst eis ophalen ze uerteelen, iwwer anerer awer o iwwer eis selwer.

Ze leieren wie wichteg Léift an Ënnerstëtzung ass.

Ech kunt souvill leieren vun all deenen Schüler a Leit mat denen ech Chance hat  zesummen ze schaffen, vun menger Aarbechtskollegen déi zu Frënn ginn sinn an vun all deenen aneren déi ech begéint hunn.

Wichtegkeet vum Léieren ass mir opgefall : mir leieren alleguerten zu all Moment vun aneren, an zu gläicher Zäit leieren mir deenen aneren eppes, dat ass faszinant.

Loosst eis bewosst sënn dat all Moment eppes extra bedeit an dofir loosst eis vun all Moment maximal profitéieren andeems mir  eis Energie an Freed op den Lo konzentréieren.

Dofir kann ech iech just soen:  MAACHT EEN Fräiwëllegendéngscht  an profitéiert vun all Moment, vun deenen gudden an o vun deenen manner gudden , an dat wäert ganz bestëmmt eng super an wäertvoll Erfarung ginn.

Merci dat ech dat heiten mat dir deelen konnt.

“Be the change you wish to see in the world” – Mahatma Gandhi

Vill Léift an Fridden

Pit